Et wier weltwäit den éischte Fall, wou en Ophidascaris bei engem Mënsch entdeckt gouf, erkläert den Expert fir Infektiounskrankheeten, de Sanjaya Senanayake. Et wier senges Wëssens och den éischte Fall, wou d’Gehier vun engem Mamendéier, Mënsch oder anerem, betraff war.
Déi 64 Joer al Fra gouf wéinst Gediechtnesproblemer behandelt, wouropshin eng Kernspintomographie vum Gehier gemaach gouf. Op de Biller hunn d’Medezinner eng atypesch Verletzung vum viischten Deel vum Gehier festgestallt. Bei der Operatioun war d’Iwwerraschung deemno grouss, wéi se dunn en 8 Zentimeter laange Wuerm aus dem Gehier gezunn hunn.
D’Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass d’Fra vum Wuerm befall gouf, wéi se iessbar Planzen an der Géigend ronderëm hiert Haus gesammelt huet. Warscheinlech ware Schlaangefäkalien op de Planze gewiescht, déi mat Larve vum Parasit befall waren.
De Senanayake huet drop higewisen, dass d’Ophidascaris-Wiermer och Déieren an aneren Deeler vun der Äerd géife befalen. Et wier vun dohier warscheinlech, dass an de kommende Joren nei Fäll wäerte festgestallt ginn.