
De Rapper, deen eigentlech Rakim Mayers heescht, huet bis zu 24 Joer Prisong riskéiert.
Am November 2021 soll de Grammy-nominéierte Museker an der Strooss zu Hollywood op den Terell Ephron geschoss hunn. D’Affer gouf un der Hand verwonnt.
Den A$AP Rocky, deen och Partner vum Rihanna ass, hat d’Uklo zréckgewisen, well d’Waff just eng Attrapp wier a säi fréiere Frënd just u Geld interesséiert wier.
Wéi hie säi Fräisproch krut, hat de Rapper Tréinen an de Aen an huet dem Jury vum Prozess Merci gesot, fir “säi Liewe gerett ze hunn”.
