Schluss mam "Maurerdekolletee"A franséischem Baumaart kritt een elo Spezialënnerwäsch

AFP
Aarbechter, déi hallef d'véier Buschtawe presentéieren, dat Bild soll geschwë Passé sinn.
Symbolbild
Esou wäert een d'Aarbechter geschwënn net méi op Chantiere gesinn....
© JEAN-FRANCOIS FORT/Hans Lucas via AFP

Et gëtt den Dekolletee an et gëtt de sougenannte Mauererdekolletee. Beim Zweetgenannten handelt et sech ëm deen "Dekolletee" hannen un der Box vun engem Aarbechter. E schéinen Ubléck ass et net onbedéngt a fir, dass deen Ubléck kengem méi muss zougemutt ginn, huet sech eng Firma eppes afale gelooss: en extra Kalzong, deen an der Taille besonnesch héich geschnidden ass.

De franséische Baumaart, deen de Kalzong elo ubitt, ass immens houfreg. "Domat ass een op der Schaff bequeem an anstänneg ugedoen", sou den Thomas Grassin, Chef bei Leroy Merlin am westfranséische Laval am Gespréich mam Sender Ici. Si hätten d'Kalzonge bei enger Filial a Portugal bestallt, déi dës 2025 am Kader vun enger Aktioun gratis verdeelt haten. Humoristesch Videoen dovun hätte relativ séier d'Ronn op de Soziale Medie gemaach.

Zilgrupp vun dëse Kalzonge si souwuel professionell Handwierker wéi och de Privatmann doheem, sou de Baumaart. Do, wou soss eng onschéin Hautfal ze gesi war, géif een dann elo e groe Spezial-Slip aus Kotteng gesi mat hirem Logo. An hir Strategie geet och nach op, si hätten immens vill Ufroe kritt aus dem ganze Land. "Mir verkafen d'Kalzongen allerdéngs net online", heescht et bei Leroy Merlin zu Laval.

Ma sou ganz nei sinn dës Aarbechter-Kalzongen net. Am westfranséische Rennes bitt eng aner Firma mam Numm "Le Sourire du Plombier" (iwwersat: d'Laache vum Installateur) schonn zanter 2015 Härenënnerboxe mat extra héijem Lastik un der Taille un.

Back to Top
CIM LOGO