Georgien, Japan, Peru, Russland oder Iran. Et ass verréckt, wéi vill verschidde Restauranten et eleng an der Stad Lëtzebuerg gëtt. Am neie Pisa Challenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science esou vill wéi méiglech nei Goûten kenne léieren. Si gi sech duerfir 12 Stonnen Zäit an dierfen d'Stad Lëtzebuerg net verloossen.
Ënnerwee ronderëm d'Welt gëtt et och e bëssen Kichen-Wëssenschaft. Wat huet Ceviche aus Peru mat eisem Spigelee gemeinsam? Eng kleng chemesch Reaktioun verännert beim Hamburger alles. A beim mexikaneschen Chilli-Challenge stéisst ee beim butzege Vullen-Chilli séier u seng Limitten.
De Start vun der Rees ass moies mat engem Früstück a Frankräich. Mee ass de Croissant wierklech eng franséisch Erfindung? Wat entdeckt een an enger afrikanescher Epicerie? Wat ass besonnesch un der georgescher Kichen. A firwat gëtt et zu Lëtzebuerg eng Plaz, déi "Nei Brasilien" heescht?
A wéi vill Länner den Olivier a Joseph schlussendlech waren, wéini d'Iessen hinnen op eemol ze vill ginn ass an ob si et an 12 Stonnen och rëm zréck op Lëtzebuerg gepackt hunn, kann een am neie Pisa Challenge erausfannen.
Op kulinarescher Weltrees duerch d'Stad Lëtzebuerg. Den neie Pisa Challenge.
Den Owend um 19:00 Auer op RTL Tëlee an elo schonn RTL Play.