Ëmmer méi kënnt déi Kënschtlech Intelligenz an d’Gespréich. Handye mat KI , Wäschmaschinne mat dëser Intelligenz oder awer och Roboteren, déi engem den Alldag solle vereinfachen oder bei enger Aarbecht hëllefen, déi eleng schwéier ze meeschteren ass. A Schottland gi Fuerscher elo mat humanoide Robotere mat kënschtlecher Intelligenz a Schoulen , mee firwat?
Dëst soll deene Jonken d’Angscht huelen. Et sinn nämlech ons zukünfteg Generatioune , déi herno mat dëse Robotere wäerte schaffen respektiv méi a Kontakt wäerten sinn. Zu Edinburgh am National Robotarium konnt eng Primärschoul dann och e KI-Roboter mam Numm Aneca testen.