D'Woche-Schnok vum Lex RothA sou ?!

RTL Lëtzebuerg
All Woch erzielt de Lex Roth eng Schnok, dës Woch mam Titel "A sou ?!".
D' Woche-Schnok
All Woch erzielt de Lex Roth eng Schnok, dës Woch mam Titel “A sou ?!”.

Zwéi Geeschtlech sinn do trëpple gaang,
du frot deen een deen aner dann,
ob d’Kierch mol d’Kéier vläicht giff ma’n,
datt een sech och bestuede kann.

Ech gleewe knapps, sot him säi Frënd,
datt dat zu eiser Zäit nach kënnt
an sech dofir eng Léisung fënnt…
mä fir eis Kanner ganz bestëmmt!

Back to Top
CIM LOGO