Obschonns d'Temperaturen den Ament héich sinn an ee menge kéint, datt Klimaanlage Mangelwuer wieren, sinn et awer d'Heizkierper, déi rar geseet sinn.

Aus Angscht, datt ee wéinst der aktueller Energie-Kris an dem Russland-Konflikt am Wanter am Kale sëtze wäert, wëlle vill Mënschen an Europa a virun allem an Däitschland elo scho fir de Wanter virsuergen. Esou ginn et a ville Butteker keng mobil Heizungen oder Heizkierper méi ze kafen. Experten no ass dëst allerdéngs déi falsch Aart a Weis, fir der Kris wëllen aus de Féiss ze goen.

Engersäits kéinten déi mobil Heizkierper nëmme punktuell hëtzen. Domadder kéint een et beispillsweis an der Stuff waarm hunn, mä am Rescht vun der Wunneng wier et ëmmer nach kal. Doriwwer eraus géif déi waarm Hëtzt, doduerch datt et am Rescht vun der Wunneng kal wier, direkt verschwannen. Dowéinst géif een da schlussendlech méi Energie verbrauchen, wéi wann een normal hëtze géif. Mobil Heizkierper wieren an deem Sënn nëmme sënnvoll, wann een der an all Zëmmer stoen hätt.

Anerersäits missten déi mobil Heizkierper och mat eppes bedriwwe ginn, an dat wier an deene meeschte Fäll mat Stroum. Doduerch, datt dësen ënner anerem och mat Gas an domadder mat russeschem Gas produzéiert géif ginn, géif een den eigentleche Problem, nämlech op Gas a Pëtrol ze verzichten, nëmme verlageren. Weider géif de Stroum an Zukunft héchstwarscheinlech och méi deier ginn, soudatt sech d'Hëtze mat mobillen Heizkierper och net méi loune wäert.

Experte recommandéieren, am Ganze manner Stroum a manner Gas ze verbrauchen an am Wanter einfach d'Temperatur an de Wunnengen ëm ee bis zwee Grad erofzesetzen an dowéinst villäicht e Pullover am Haus unzedoen.