De republikanesche Gouverneur Greg Gianforte huet dat entspriechend Gesetz e Mëttwoch ënnerschriwwen. Ufank d'nächst Joer soll d'Verbuet a Kraaft trieden.

Vun 2024 un dierf déi chineesesch Applikatioun fir kuerz Videoen deemno net méi genotzt ginn. All Kéier, wann e User op TikTok zougräift, him den Accès op d'App ugebueden oder d'Méiglechkeet fir en Download ugebuede gëtt, stellt dat e Verstouss géint d'Gesetz duer. All Verstouss ka mat enger Geldstrof vun 10.000 Dollar den Dag bestrooft ginn. Deemno mussen Apple a Google TikTok aus hiren App-Storen erofhuelen.

Hannergrond fir dës Decisioun sinn d'Suergen, dass déi chineesesch Firma, esou wéi d'Geheimdéngschter d'App kéinte fir Spionage notzen. De Gouverneur Gianforte wéilt esou déi "perséinlech a privat Donnéeë vun de Mënschen a Montana virun der Kommunistescher Partei China schützen", wéi hie selwer op Twitter matgedeelt huet. Aus deem Grond hunn och schonn europäesch Länner d'App fir Employeen aus dem ëffentlechen Déngscht verbueden.

Iwwert eng Milliard Leit notzen TikTok weltwäit. D'Applikatioun ass besonnesch ënnert de jonke Generatiounen immens beléift.

Et gëtt awer erwaart, datt d'Gesetz, dat Mëtt Abrëll vum Parlament a Montana ugeholl gouf, mat grousser Sécherheet viru Geriicht ugefecht wäert ginn.