Technesche Problem behuewenAll Servicer vun der Post nees disponibel

RTL Lëtzebuerg
D'Post deelt mat, datt den technesche Problem vun e Mëttwoch de Moie behuewen ass an all hir Servicer nees normal funktionéieren.
© Post Lëtzebuerg

D'Post hat e Mëttwoch de Moien eng technesch Stéierung gemellt, duerch déi verschidde vun hire Service bis 11:15 Auer net disponibel waren. Betraff ware virun allem d'Post- a Finanzservicer am Verkafsreseau, souwéi d'eboo-Déngschter, dorënner den E-Banking an d'Bezuele mat der Kaart.

Bei den Telekommunikatiounsservicer vun der Post hat et keng Problemer ginn.

Géint 11:30 Auer huet d'Post Entwarnung ginn, déi technesch Stéierung wier behuewen an d'Servicer wieren nees all normal disponibel.

D'Post hat direkt an hirem éischte Schreiwes preziséiert, datt de Problem net a Relatioun mat der Migratioun vum Core Banking System, déi de leschte Juli gemaach gouf, stéing. Donieft hätt et och keng Unzeeche fir eng Cyberattack ginn.

D'Schreiwes vun der Post

Back to Top
CIM LOGO