
Dat mellt d’Noriichtenagence AFP a berifft sech op Sourcen aus der Federatioun. An der éischter Ronn ware béid Sportlerinnen openee getraff an d’Ukrainerin hat sech kloer mat 15:7 duerchgesat. Ma well si sech nom Match geweigert huet, der Russin d’Hand ze ginn, huet si am zweeten Tour géint d’Bulgarin Joana Ilijewa net dierften untrieden.
Dësen Duell tëscht der Charlan an der Smirnowa war ausserhalb vum Tennis déi éischt sportlech Kompetitioun, wou Ukrainer a Russen zanter dem Ufank vum Krich openee getraff sinn.
Nom dem Fechtkampf tëscht béide Sportlerinnen, ass d’Russin op hir ukrainesch Géignerin zougaangen an huet hir d’Hand gereecht. Dës huet den Handschlag net ugeholl, mä der Russin hire Säbel dohi gehaangen, wuel fir déi zwou Kléngen, fir Äddi ze soen, ze kräizen. Dem Reglement no mussen awer béid Fechter sech d’Hand ginn, wann eng Decisioun gefall ass. Nom Match an nom verweigerten Handschlag huet Smirnowa nach 45 Minutte laang op der Fechtbunn gewaart, éier et d’Arena verlooss huet.
Russeschen a belarussesche Sportler ass et op der WM erlaabt, matzemaachen, wa si ënner neutralem Fändel starten. Déi ukrainesch Regierung hat dorops et hire Sportler verbueden, fir géint Russen oder Belarussen unzetrieden. Dëst gouf e Mëttwoch awer geännert. Elo dierfe si just net géint Sportler untrieden, déi Russland oder de Belarus vertrieden.
Am Virfeld vun der Partie hat déi 32 Joer al Charlan awer annoncéiert, datt si gäre géint d’Russin géif untrieden. “Et ass wichteg fir eis Natioun, datt mir net just op der Couch sëtze bleiwen”. Als Virbild hat si den Tennis genannt, wou eng vun hire Landsfraen no engem Match géint eng Russin sech och geweigert hat, der Géignerin d’Hand ze reechen.