Do stëmmt eng netSchreiffeeler op neiem Schëld op der Liaison Micheville

RTL Lëtzebuerg
"Audun-le-Tiche" heescht d'Nopeschduerf vun Esch-Uelzecht op der anerer Säit vun der Grenz mat Frankräich. Op der A4/B40 schreift een dat liicht anescht...
Op der A4/B40 goufen op engem Schëld en
Op der A4/B40 goufen op engem Schëld en
© Goran Borisavljevic / Facebook

Op engem neie Schëld op der neier Streck ass e Schreiffeeler passéiert, dee wuel verschidde Leit, déi an der Géigend ënnerwee sinn, wäert zum Schmunzele bréngen. Manner witzeg wäerte se dëse Malheur da wuel bei Ponts et Chaussées fannen, déi wuel d’Schëld mussen upassen oder ersetzen, wat ënner Ëmstänn net esou bëlleg kéint ginn.

Opgefall ass dëse Feeler verschiddene Leit, déi d’Foto an déi sozial Medie gesat hunn. Duerch e klengen Tour an der Géigend hu mer dann och séchergestallt, datt et sech heibäi net ëm eng Fotomontage handelt, mä ëm e reelle Feeler.

Hätt Dir et gewosst?

Audun-le-Tiche huet och e Lëtzebuerger Numm an deen ass “Däitsch-Oth”. Wéi een dann elo Audin-le-Tiche sollt op Lëtzebuergesch iwwersetzen, dorop hu mer aktuell keng Äntwert.

Back to Top
CIM LOGO