Spuert d'Summerzäit wierklech Energie?

Zanter Jore gëtt iwwer d'Virdeeler an Nodeeler vun der Summerzäit diskutéiert. Ma ännert mat der Zäitëmstellung wierklech eppes um Energieverbrauch?
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg gëtt nees d'Auer geréckelt. D'Iddi vun enger staatlech virgeschriwwener Summerzäit koum schonn Enn vum 19. Joerhonnert op. Zil sollt et sinn, Stroum ze spueren. Zanter Jore gëtt driwwer diskutéiert, d'Summerzäit rëm ofzeschafen, well se méi Nodeeler wéi Virdeeler hätt, och mat Bléck op den Energieverbrauch. Ma ass deem da sou?
Op déi Fro gëtt et keng kloer Äntwert. Et ginn Etüden, déi soen, datt den Energieverbrauch klëmmt. D'Leit géingen owes zwar manner d'Luucht umaachen, mee dofir am Fréijoer an am Hierscht moies méi hëtzen. Ma et ginn awer och Etüden, déi zu engem anere Resultat kommen. Den Direkter vun der Lëtzebuerger Klima-Agence Fenn Faber.
"Also mir hu lo am Kader vun eisen Aktivitéiten net den Exercice gemaach, fir dat am Detail ze evaluéieren. Ech mengen, wat awer wichteg ass, et ass eng gutt Geleeënheet, fir sech mat der Fro ze beschäftege vu sengem Energieverbrauch. Ech menge mir sinn an engem Kader, nach ëmmer, vun Nowéie vun enger Energiekris."
An och wann d'Spuere vun Energie mëttlerweil net méi sou am ëffentlechen Discours present wier, géingen awer nach quasi genee sou vill Leit no Berodung duerch d'Klima-Agence froen, wéi am Ufank vum Ukrain-Krich. 2022 an 2023 hätt ee jee iwwert 12.000 Berodungskontakter gehat. Hëtze mécht an engem duerchschnëttleche Stot mat iwwer 50 Prozent dee gréissten Deel vum Energieverbrauch aus. D'Sarah Juchems, Responsabel vum Berodungsservice vun der Klima-Agence, iwwert Potenzial fir Energie Anzespueren:
"Am Beräich vum Hëtzen ass et esou, datt ee sech do mol kann iwwerleeën, wéi eng Raim wëll ech iwwerhaapt hëtzen, an datt ee se op déi richteg Temperatur astellt. D'Buedzëmmer lo vläicht bëssi méi waarm awer dofir de Living net sou waarm, respektiv och d'Schlofzëmmer éischter sou 17, 18 Grad. An datt een dann déi Temperatur richteg astellt, datt een eventuell esouguer d'Thermostatventiller vu sengen Heizkierper ersetzt duerch digitaler, déi intelligent kënne gesteiert ginn."
Usetze kéint een och op engem aneren Niveau, an zwar wou een d'Energie iwwerhaapt hierkritt. Sou kéinten a ville Gebaier fossil bedriwwen Heizungen duerch eng Wäermepompel ersat ginn. Ideal wier d'Kombinatioun mat enger Photovoltaikanlag. Alternative wieren eng Pelletheizung oder den Uschloss un ee Fernwäermenetz.