
Ronn 2.000 Euro waren an deem Portmonni, deen den 33 Joer alen Hadjer Al-Ali an engem Zuch op der Gare zu Amsterdam fonnt hat a bei der Police ofginn huet. Um oder am Portefeuille war weder eng Carte d’identité, nach soss en Hiwäis op e Besëtzer.
Als Merci fir seng Éierlechkeet krut hie vun der hollännescher Police, nieft engem Bong am Wäert vu 50 Euro, de Präis “Sëlweregen Daum”, dee verschidde Bierger heiansdo verdeelt kréien. A wann de Besëtzer vum Portmonni sech net bannent engem Joer mellt, geet och dësen un deejéinegen, deen e fonnt huet.
Den Al-Ali hätt déi Suen natierlech kënne direkt astiechen, ëmmerhi war jo néirens en Numm ze fannen, mä “vläicht huet de Besëtzer jo e Betrib a ka mir eng Aarbecht ginn oder en Haus, an deem ech wunne kann”, sou seng Iwwerleeung, “et weess ee jo ni”.
Den Hadjer Al-Ali lieft zanter 18 Méint op der Strooss an ass reegelméisseg op der Gare zu Amsterdam, wou hien no eidele Pfandfläsche sicht, wa Leit aus den Zich klammen. Hie betount och: “Egal, wat ech fannen, ech ginn et ëmmer zeréck.”