An eiser Fotoserie “92,5 Grad Lëtzebuerg” werfe mer e ganz anere Bléck op de Grand-Duché. Mir weisen déi verschiddenste markant, bekannt oder manner bekannt, flott, grouss oder kleng Plazen, Gebaier oder Monumenter aus engem ganz anere Bléckwénkel. Nämlech voll vun uewen... aus 90 Grad.
Déi nächst Woche weise mer Iech verschidde Plazen aus der Vugelsperspektiv a picken eis awer och ee Motiv eraus, no deem Dir op d’Sich kënnt goen:
Rot mat a fannt eraus, wou déi eenzel Plazen opgeholl goufen. Leider ass keen bis zu der Opléisung op d’Plaz komm, wouduerch d’Chance op de Kaddo verflunn ass.
All 15 Minutten a bis mer e Gewënner fonnt hunn, weise mer eng weider Foto, déi e bësse méi vun der Plaz wäert weisen. D’Spill leeft eng gutt Stonn. Sollt bis zu deem Zäitpunkt keng Persoun op d’Plaz komm sinn, ass d’Chance op de Kaddo verflunn.
*De Gewënner muss op d’mannst 18 Joer al oder a Begleedung vun hirem Tuteur sinn. Fir ze gewannen, muss d’Persoun averstane sinn, datt hir Foto an hiren Numm op den RTL-Lëtzebuerg-Plattforme publizéiert gëtt.
Et dierft Iech dobaussen opgefall sinn. D’Fotoe sinn alleguerten aus engem 90-Grad-Wénkel opgeholl ginn. Den Numm “92,5 Grad Lëtzebuerg” huet awer nach eng aner Bedeitung.
D’Zuel “92,5" dierft den treien Nolauschterer vun RTL Lëtzebuerg bekannt virkommen: Et ass eng a wuel déi bekanntste Frequenz vun eisem Radio. Mat dësem Numm wëlle mer d’Relatioun tëscht dëser Serie, dem Grand-Duché an RTL nach méi an Evidenz setzen.
Dës Woch verspille mer en RTL-Package, mat ënner anerem enger Killtäsch, engem Bluetooth-Hautparleur a Kinosticketen.

RTL-News: Kuckt hei d’Fotoe vum 1. Deel
RTL-News: Kuckt hei d’Fotoe vum 2. Deel