E Méindeg war ee "bloe" Supermound ze bestaunen

Iwwert dem Réiserbann / © Karine Durbach
Fir Leit, déi gären emol an den Nuetshimmel blécken, huet dësen August esou munches ze bidden.
Knapps sinn d'Perseiden - ee Meteoritte-Schauer, deen eis all Joer an der éischter August-Hallschent eng sëllege Stäreschnäize bréngt - eriwwer, scho geet et mat engem Supermound weider. Vun e Sonndeg bis an den Dënschdeg era wäert de Mound der Äerd besonnesch no kommen, an doduerch och besonnesch grouss ausgesinn.
Ma wat virop e Méindeg den Owend géint 20.26 Auer am Himmel säin Héichpunkt erreecht huet, ass allerdéngs net just ee Supermound, ma och nach ee sougenannte "Bloe Mound". Dës Bezeechnung huet allerdéngs näischt mat der Faarf vum Mound ze dinn, ma et ass deen drëtte Vollmound an enger Saison mat insgesamt véier Vollmounden.
Als "Bloe Mound" bezeechent een ausserdeem och nach den zweete Vollmound am Laf vun engem Mount. Et ass ee relativ rare Phänomen, deen all zwee bis dräi Joer eemol optrëtt. Am Englesche gëtt et dowéinst och d'Expressioun "Once in a blue moon", wat esou vill heescht ewéi "ganz seelen". Dësen August wäert et deemno och just ee Vollmound am Himmel ze bestaune ginn.
Wien de Supermound sollt verpassen, dee brauch awer net enttäuscht ze sinn. Elo am August ass et eréischt deen éischte vun insgesamt véier Supermounden hannerteneen. D'Vollmounden am September an am Oktober wäerten der Äerd besonnesch no kommen, heescht et ënner anerem um Site vun der Nasa.