Sief et zu Groussbus oder zu Grolënster: Dat schéint Naturschauspill war nees am Grand-Duché ze bewonneren.

Ma net eleng d'Polarliichter waren ze gesinn, ma och Stäreschnäize konnt een zum selwechten Ament observéieren. Heibäi huet et sech ëm d'Perseide gehandelt, déi ee deels esouguer ganz gutt mam bloussen Aen erkenne konnt. D'Perseide sinn ee vun de bekanntste Meteorstréim, déi een vun der Äerd aus ka gesinn. Dës kommen all Joer am Juli oder am August vir. Den Héichpunkt dovunner war dëst Joer an den Nuechten tëscht dem 11. an 13. August, ma och vum 17. bis de 24.8 kann ee se mat Chance nach gesinn. Déi éischte Kéier goufe se iwwregens am Joer 36 viru Christus a China observéiert.

Dës Stäreschnäize sinn u sech näischt aneschters, wéi kleng Stëbsdeeler vun engem Komet, déi an eiser Atmosphär verbrennen. D'Polarliichter dogéint, déi och ze gesi waren, si geluede Partikel vun engem Sonnestuerm. Dës Partikel reegen d'Atmosphär vun der Äerd un, fir ze liichten.

Datt ee béid Naturschauspiller zu selwechten Ament kann observéieren, ass awer net all Joer de Fall.

Polarliichter a Stäreschnäizen iwwer Grolënster
An der Nuecht op den 13. August huet de Marc Genson dës Biller am Marscherwald bei Grolënster tëscht Mëtternuecht an 2.40 Auer opgeholl.