D'Woche-Schnok vum Lex Roth
Wéi beim Cola!
All Woch erzielt de Lex Roth eng Schnok, dës Woch mam Titel "Wéi beim Cola!".
Zwéi Frënn gesinn sech no puer Joer,
wéi dann deen een deen aner freet,
ob dat alt nach am Stot sou geet.
Deen äntwert, ‘t wier eng Cola-Saach:
d’éischt hätt sech alles fein gemaach,
‘t war fein a gutt a schéin normal;
du kumm de ‚light‘ wéi bei deem och;
haut ass et ‚zéro‘… oder bal.
Mä fréier… dräimol an der Woch!
Am meeschte gelies