303 nei Geoglyphe mat Hëllef vu KI entdeckt

© Yamagata University Institute of Nasca/AFP/Handout
Japanesch Wëssenschaftler vun der Universitéit Yamagata hunn déi warscheinlech iwwer 2.000 Joer al Geoglyphen an der Nazca-Wüüst am Süde vum Peru entdeckt.
Bei Geoglyphen handelt et sech jo ëm riseg, an de Buedem "gemoolt" Biller, déi een idealerweis aus der Loft erkenne kann. Vun de Geoglyphen, déi sech an der Nazca-Wüüst befannen (och Nazca-Linne genannt) waren der bis ewell ronn 400 bekannt.
Eng KI-Software huet elo Loftopname vun der Nazca-Wüüst ausgewäert an dobäi iwwer 1.300 nei potenziell Buedemzeechnungen entdeckt, vun deene sech der 303 als echt erausgestallt hunn. Dës ware mat enger Gréisst vun 10 Meter däitlech méi kleng a méi schwéier ze fannen, wéi déi aner scho bekannt Geoglyphen, vun deenen déi gréisst eng 300 Kilometer laang ass. Wéi et vun de Fuerscher heescht, géifen et nach knapp 250 weider potenziell Kandidate ginn, déi sech als Geoglyphen erausstelle kéinten.
D'Nazca-Linne goufen eng éischte Kéier 1927 entdeckt a gehéieren zanter 1994 zum Weltkulturierwe vun der UNESCO. D'Motiver si meeschtens Déieren, Planzen oder Mënschen, ma dacks sinn et och einfach Linnen.

© Yamagata University Institute of Nasca/AFP/Archives/Handout