Nordkorea baut risegen Tourismuskomplex

© AFP
Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un war sech zesumme mat senger Duechter Kim Ju Ae e risegen Tourismusprojet op enger Plage an Nordkorea ukucken.
De Vakanzeressort am Oste vum Land wier "den éischte grousse Schrëtt" fir d'Entwécklung vum Tourismus an Nordkorea, sot de Kim der staatlecher Noriichtenagence KCNA no. Deemno war hie sech de Projet, deen Deel vum Wonsan-Kalma-Entwécklungsprojet ass, zesumme mat senger Duechter ukucken.
De Staatschef wier mat engem "breede Laachen" um Gesiicht iwwer de Komplex getrëppelt, op deem kaum Leit sinn. KCNA no wier hien zefridde gewiescht, datt de Projet gebaut gi wier, "sou datt si wichteg extern, politesch a kulturell Evenementer vum Staat ophuele kënnen". Den nordkoreaneschen Tourismussecteur kéint esou "zu regionaler Erneierung an nationalem Wirtschaftswuesstem" bäidroen, soll de Kim Jong Un betount hunn.
Schonn a sengen éischte Joren als Staatschef soll de Kim groussen Interêt un der Entwécklung vum Tourismus gewisen hunn, woubäi de Wonsan-Kalma-Projet zu senge léifste gehéiert. Am Februar waren eng honnert russesch Touristen zu Pjöngjang ukomm - déi éischt bekannt auslännesch Touristegrupp am isoléierte Land. D'Russe sollen deemno an e Schigebitt zu Wonsan gereest sinn.