Grousst Lach virun engem Haus zu Villerupt

© RTL Mobile Reporter
Déi lescht Woch ass virun engem Haus zu Villerupt, eng 5 Kilometer vun Esch-Uelzecht ewech, e grousst Lach an enger Strooss entstanen.
Wéi de Républicain Lorrain schreift, wier dat Ganzt den 2. Januar geschitt, wärend Ekippe vu Veolia un enger Waasserfuitte an der Strooss geschafft hunn. D'Lach wier ronn 2,5 Meter déif. Séier goufen d'Leit, déi am Haus niewendru liewen, evakuéiert an e Perimeter gouf ageriicht. E weidert Haus, wat am Perimeter läit, wier aktuell souwisou net bewunnt.
Ma och fir d'Awunner ronderëm huet dëst Lach fir Problemer gesuergt, well eng Gasfuite entstanen ass, déi awer kommt reparéiert ginn. Wéi d'Kolleege vum RTL Infos eng Woch méi spéit, also de 7. Januar konnte feststellen, war d'Lach zu deem Ament nach ëmmer ze gesinn.
Vun den Autoritéiten heescht et, datt dëst Lach entstane kéint sinn, well de Kalleksteen, deen ënnert der Uewerfläch war, sech opgeléist huet. Etüden, fir déi genau Ursaach an Auswierkunge festzestellen, lafen.

© Mobile Reporter