De Grupp Coca-Cola huet eng riseg Réckruffaktioun ugefaangen. Och Lëtzebuerg ass concernéiert.

Betraff si Béchse a Glasfläschen vu Coca-Cola, Sprite, Fanta, Minute Maid, Fuze-Tea, Nalu, Royal Bliss,Tropico a Zero a Light.
Gedrénks a Plastiksfläschen oder Tetrapacke sinn awer net betraff.

D'Leit sollen déi betraffe Produite net konsuméieren a se zréck an de Buttek bréngen. Do géife se hir Suen zréckkréien.

Dës Produite  goufen an der Belsch, mee och an Holland, a Groussbritannien, Däitschland, Frankräich an eben Lëtzebuerg verkaf.

D'Béchsen a Glasfläschen, ëm déi et hei geet, goufen tëscht dem 23. November an dem 3. Dezember zu Gent (B) produzéiert. De Produktioun-Code geet vun 328 GE bis 338 GE. Déi komplett Lëscht ass op dem Site vu Coca-Cola ze fannen.