US-Zaldot reagéiert op Reportage iwwer Spezialunitéit vun der Police

© RTL
Et gi sëllege Reportagen iwwer Spezialunitéiten uechter d'Welt. Zejoert hu mir eng iwwer d'Lëtzebuerger USP gemaach an dës gouf och international gekuckt.
7 Joer hat et gedauert, bis RTL en exklusiven Abléck an d'Aarbecht vun der Spezialunitéit vun der Police, der sougenannter USP, krut. Ufank zejoert war et dunn esouwäit an den Dan Wiroth konnt an dräi Reportagë weisen, wat hien an aacht Deeg iwwer d'Aarbecht an d'Traininge vun der Spezialunitéit bei der Lëtzebuerger Police geléiert huet.
Den Theo Boyrié, dee selwer aktiv an der amerikanescher Arméi ass a fréier Infanterist bei der Marinn an der "Close-quarters battle"-Unitéit war, huet de YouTube-Kanal "Combat Arms Channel", op deem hien ënnert anerem op Videoe vun auslänneschen Arméie respektiv Spezialunitéite reagéiert. Esou huet hien och op d'RTL-Reportage iwwer d'Lëtzebuerger Spezialunitéit vun der Police reagéiert.
Am Video geet de YouTuber besonnesch op d'Ekipement, den Training an déi verschidden Aufgabe vun der USP, wéi zum Beispill déi taktesch Operatiounen, Verhandlungen a Schutzmoossnamen an. Hien hieft virun allem déi "fortschrëttlech" Gefierer, Waffen an d'Trainingsmethoden ervir. Nieft sengen eegenen Erfarunge mat änleche Gefierer erzielt de Boyrié och iwwer d'Erausfuerderungen an de Reiz vun der Aarbecht an taktesche Géigenden. Doriwwer eraus betount de YouTuber awer och d'Videoproduktioun, déi de Reportage direkt méi spannend géing maachen.