Vun e Mëttwoch un ass et nees esou wäit. Am Vatikan gëtt e Konklav ofgehalen, fir den neie Poopst ze bestëmmen.

Wéi laang et dauert, bis aus dem Schaarschtech iwwert der Sixtinescher Kapell wäissen Damp ze gesinn ass, ka vu bausse keen aschätzen. Wat an dem Konklav  ("cum clave" ass Latäin fir "mat  Schlëssel") virgeet, wësse just déi, déi an dësem ausgewielte Krees mat agespaart sinn. Informatiounen dierfe wärend dëser Zäit weder eran-, nach eraus dréngen.

Un dem Konklav dierfen hautdesdaags just Kardineel deelhuelen, déi zum Zäitpunkt vum Doud oder Récktrëtt vum Poopst ënner 80 Joer al sinn. Si si gläichzäiteg Kandidaten a Wielerschaft. Dat war awer net ëmmer esou.

De Poopst gouf fréier (och) vum Vollek gewielt

Virun 1059 war d'Wiel vun engem neie Poopst nach eng méi demokratesch Affär. An den éischte Joerhonnerten no Christus war dat, wat mir haut ënnert dem Poopst verstinn, de Bëschof vu Roum. Dee gouf nieft Kierchevertrieder an enger éischter Zäit och vu réimesche Bierger gewielt. Méi spéit hunn d'Awunner d'Wiel da just nach confirméiert.

Am Joer 1059 gouf d'Poopstwal ënnert dem Poopst Nicolas II méi vergläichbar mat deem, wat mir haut kennen. Deemools gouf eng éischte Kéier de Krees vun de Wieler op d'Kardineel reduzéiert. Déi besonnesch Verbindung zu der Stad Roum ass awer bliwwen - och haut nach ass de Poopst gläichzäiteg och de Bëschof vu Roum.

Längste Poopstwal war 33 Méint laang

Ënnert dem Poopst Alexandre III. koum am Joer 1179 déi nächst grouss Verännerung. Hien huet decidéiert, datt fir d'Wiel vum Poopst eng Zwee-Drëttel-Majoritéit néideg wier. Domat huet de Prozess dann awer och ugefaangen, méi laang ze daueren.

De Rekord fir déi längste Poopstwal gouf vun 1268 bis 1271 opgestallt. Ganzer 33 Méint huet et gedauert, bis d'Kardineel déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit fir een Nofollger zesummenhaten. De Prozess hätt warscheinlech nach méi laang gedauert, wann d'Awunner vun der Stad Viterbo, wou den ale Poopst Clément IV gestuerwe war, net Drock gemaach hätten. Si hunn et de Kardineel ongemittlech gemaach, an der Hoffnung, datt et da méi séier géif goen. De Kardineel hiert Iesse gouf rationéiert an den Dach vum Poopstpalast, an deem si ofgestëmmt hunn, gouf ofgedeckt.

RTL

De Poopstpalast zu Viterbo eng 80 Kilometer nërdlech vu Roum. / © VINCENZO LOMBARDO / Robert Harding Premium / robertharding via AFP

1274 gëtt d'Poopstwal zum Konklav

Datt de Begrëff "Konklav" haut Synonym mat der Poopstwal ass, geet direkt op dës Rekordwal vun 1268 bis 1271 zeréck. Um zweete Konzil vu Lyon huet den nei gewielte Poopst Grégoire X decidéiert: Fir ze evitéieren, datt d'Kardineel nees méint- oder souguer jorelaang brauchen, fir ee Poopst ze wielen, gi si vun elo un agespaart. Dohier kënnt den Numm "Konklav": "cum clave" aus dem Laténgeschen fir "mat  Schlëssel".

De Konklav war net ëmmer an der Sixtinescher Kapell

Wärend an der Vergaangenheet de Poopst do gewielt gouf, wou säi Virgänger gestuerwen ass, gëtt d'Sixtinesch Kapell mat der Konklav-Reform vun 1621/1622 zu der fester Plaz fir de Konklav. Ënnert de Blécker vum Michelangelo sengem Jéngste Geriicht sollten d'Kardineel hirem Gewëssen no ofstëmmen. Fir Klientelismus ze evitéieren, gouf de Vott geheim gemaach.

Obwuel d'Sixtinesch Kapell allgemeng als Plaz fir de Konklav festgehale war, gouf net all Wal do ofgehalen. De leschte Konklav ausserhalb vum Vatikan war vun November 1799 bis Mäerz 1800, wou d'Fransousen ënnert dem Napoleon Roum besat haten.

RTL

Pompjeeën installéieren virun dem Konklav de Kamäin an der Sixtinescher Kapell. / © VATICAN MEDIA CPP / HANS LUCAS / Hans Lucas via AFP

Kee weess, wien de berüümte Schaarschtech erfonnt huet

Wäissen oder schwaarzen Damp? Dat wäert d'Welt sech vun e Mëttwoch un nees froen, wann zwee Mol den Dag - ëmmer géint d'Mëttesstonn an Owes géint 19 Auer, Dampzeechen aus dem Schaarschtech iwwert der Sixtinescher Kapell opginn. Ass e Poopst gewielt an et kënnt wäissen Damp aus dem Kamäin, kann dat iwweregens och méi fréi sinn - kuerz no der Wal vun de Kardineel moies oder am Nomëtteg.

Wien d'Traditioun vun den Dampzeechen agefouert huet, ass net iwwerliwwert. De Brauch ass op alle Fall net an der offizieller Wal-Uerdnung festgeschriwwen. Zanter 1878 gëtt Damp méi oder wéineger reegelméisseg als Kommunikatiounsmëttel tëscht dem Konklav an der Aussewelt benotzt. Fir ze evitéieren, datt groen Damp fir Duerchernee suergt, gëtt zanter 2005 een elektreschen Uewe benotzt, an deem de wäissen oder schwaarzen Damp mat Chemikalie gemaach gëtt.