Zwee Lëtzebuerger wëllen op de Sommet vum Mont Blanc klammen
Mat nëmmen 21, respektiv 23 Joer an ouni vill Erfarung, trauen de Keyvan Safavi an de Ricardo Matache sech un den Challenge erun.
De 16. Juni fänkt hir Aventure un. Vum „Nid d‘Aigle“ aus geet et da ronn 2.500 Héichtemeter erop bis op de Sommet vum Mont Blanc, deen op 4.805 Meter läit. Dobäi hate se bis viru Kuerzem nach näischt mat Alpinismus um Hutt, wéi se selwer soen.

© Vidosava Kuzmic
Déi eenzeg Prouf, déi de Keyvan an de Ricardo souzesoen haten, war am Januar an de rumänesche Bierger, wou se sech 10 Stonne laang bei -17 Grad duerch de Schnéi gekämpft hunn. Deementspriechend intensiv war hiren Training déi lescht Wochen a Méint. Op d’mannst 5 bis 6 Stonnen d’Woch schaffe se un der Ausdauer, dotëscht och un der Been- a Réckemuskulatur.
Bei esou enger Erausfuerderung spillt awer och de Kapp eng grouss Roll, erkläert de Keyvan Safavi: "Egal wéi preparéiert een ass, et wäert wéidoen an et wäert stonnelaang wéidoen. Dat heescht d’Zil ass och, sech mental drop ze preparéieren a sech drun ze gewinnen, laang wéi ze hunn. Dat maache mir och am Fitness."

© Vidosava Kuzmic
Fir dass et sech esou realistesch wéi méiglech ufillt, maachen de Keyvan an de Ricardo hir Übungen mat zousätzleche Gewiichter vu 15 bis 20 Kilogramm um Kierper. Well op e puer dausend Meter Héicht gëtt d’Loft dënn, an all Schrëtt méi ustrengend. Besonnesch mat schwéiere Rucksäck um Réck. “Ech kucken ëmmer, dass den Training hei méi haart ass, wéi dat wat mir dohanne wäerte maachen”, esou de Keyvan, “mir wëllen dohannen net vun iergendeppes iwwerrascht ginn”.
D’Iddi, fir bis un d’Spëtzt vum héchste Bierg vun der Europäescher Unioun ze klammen, kënnt vum Ricardo. Mat sengen 23 Joer ass hie schonn a méi wéi 40 Länner gereest, meeschtens eleng a just mam Rucksak. Vu senge Kolleege war keen dozou bereet, op dës Aventure mat ze goen. Bis säin Trainer, de Keyvan, decidéiert huet, de Ricardo net just bei de Virbereedungen ze begleeden, mee bis ganz erop. Aus der Trainer-Client-Relatioun ass nämlech ganz séier eng Frëndschaft ginn: "Et muss ee sech gutt verstoen. Dat sinn extrem Konditiounen, et wäert haart Momenter ginn. Do muss een zesummenhalen. Ech weess och, dass de Ricardo, wann hien eppes am Kapp huet, bis zum Schluss geet. An et ass eng Saach vu Confiance op dësen Héichten. Eist Liewen hänkt quasi zesummen."

© Vidosava Kuzmic
Och wa se motivéiert an zouversiichtlech sinn, hunn déi jonk Männer Respekt virun der Aufgab, esou de Ricardo Matache: "Virun allem virun der Natur, du hues einfach guer keen Impakt drop. An ech hunn och bëssen Höhenangscht. Dofir wëll ech dat bekämpfen a mir selwer beweisen, dass ech et ka maachen. A mir géife gären de Message un eis Generatioun ginn, dass et méi gëtt, wéi just doheem ze sëtzen, all Dag dat selwecht ze maachen, an um Handy ze sinn."
Un déi Optioun, et net bis ganz erop ze packen, hu si bis elo nach net vill Gedanke verschwent. Vu sech aus wäerte se op alle Fall net opginn, versécheren d’Kolleegen, déi um Mont Blanc vun zwee Guidë wäerte begleet ginn.
Komme si uewen un, hunn de Ricardo a Keyvan sech eppes afale gelooss, fir d’Aventure op eng spektakulär Manéier ofzeschléissen: an zwar wielen se de séiere Wee fir erof, a wëlle mat engem Parapente vum Bierg sprangen. Falls d’Missioun Mont Blanc awer aus iergendengem Grond net sollt klappen, wëlle si et am September nach eemol versichen.