Zesummegesat aus 678 OpnamenObservatoire a Chile verëffentlecht spektakulär Biller aus dem All

RTL Lëtzebuerg
D'Fuerscher vum nei gebaute Vera C. Rubin-Observatoire a Chile hunn e Méindeg éischt Biller verëffentlecht a se kéinten net manner spektakulär sinn.
© HANDOUT / NSF-DOE Vera C. Rubin Observatory / AFP

Et sinn d’Opname vu ganz wäite Galaxien, vun nei entstane Stären an engem liichtende Rosa an Orangerout. Ee Bild ass besonnesch markant. Et ass zesummegesat aus 678 Eenzelopnamen, déi wärend iwwer 7 Stonne gemaach goufen. Ze gesinn déi eenzegaarteg Detailer vum Trifid-Niwwel an dem Lagunen-Niwwel.

Et goufe schonn esou Opname vun aneren Teleskopen, ma bis ewell waren déi éischter verschwommen oder et ware guer keng siichtbar Eenzelheeten z’erkennen vun dëse Stäregebidder, déi dausende vu Liichtjoren ewech sinn a sech amgaangen sinn, nei ze forméieren. Och ee Video huet ee vun de Wëssenschaftler verëffentlecht, en huet den Titel “kosmesch Schatzkëscht” a weist Noopname vun zwee Galaxien an dono op ronn eng Dose Millioune méi.

Dee vun den USA gebauten Observatoire steet um Sommet vum Cerro Pachón am Zentrum vun Chile. Do sinn ideal Conditiounene fir den Himmel ze beobachten, et gëtt nämlech keng Liichtverschmotzung an d’Loft ass dréchen. Donieft verfüügt den Observatoire iwwer en Teleskop vun iwwer 8,4 Meter Duerchmiesser mat engem leeschtungsfäege System fir d’Daten ze verschaffen

Nach dëst Joer soll den Observatoire de Projet “Legacy Survey of Space and Time” ufänken, bei deem 10 Joer laang den Himmel nuets ofgesicht gëtt a souguer déi klengste Verännerung opgezeechent ginn, mat enger Prezisioun, déi et bis ewell nach net gouf. Den Numm krut den Observatoire iwwregens als Hommage un d’US-Astronomin Vera C. Rubin, déi als Éischt den Noweis fir d’Existenz vu schwaarzer Matière festgestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO