derwäert – Episod 18: Allan MilaniE Wäikrou mat enger laanger Familljegeschicht

Pitt Wagner
Den Allan Milani presentéiert bei derwäert e Faïence-Krou, dee schonn zënter iwwer 60 Joer an der Famill ass.
Allan Milani - E Wäikrou mat enger laanger Familljegeschicht
Den Allan Milani presentéiert bäi derwäert e Faïence-Krou, dee schonn zënter iwwer 60 Joer an der Famill ass.

Den Objet stoung fréier bei senger Bomi an huet d'Generatioune begleet. Obwuel den Allan schonn e puer Recherchë gemaach huet, wëll hien elo gewuer ginn, wou de Krou genee hierkënnt a wat en haut nach wäert ass.

D'Sophie Becker geet mam Allan op d'Spuere vun dësem aussergewéinlechen Objet. Den Expert Mike Decker erkläert, wéi esou Wäikréi fréier benotzt goufen, wat et mat hirer Hierkonft op sech huet a firwat dës Sammlerobjeten haut vill manner gefrot sinn, ewéi nach virun e puer Joerzéngten.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO