Neie Cactus wäert den 29. Oktober seng Dieren opmaachen
An e bësse méi wéi engem Mount wäert den neie Cactus mat enger Verkafsfläch vun iwwer 7.000 Quadratmeter seng Dieren opmaachen.
Wéi Cactus an engem Communiqué schreift, huet een hei ronn 150 Milliounen Euro investéiert an et wäerten 150 direkt an indirekt Aarbechtsplazen entstoen, dovunner 50 beim Supermarché selwer, déi aner 100 an de ronn 15 Geschäfter, déi an der Galerie ze fanne sinn. Weider Zuelen: Ronn 800 Parkplazen op zwee Niveauen huet dëse Shoppingzenter an et sinn och 67 Wunnengen op dëser Plaz entstanen.
Nieft dem grousse Supermarché wäert op dëser Plaz an der Minettmetropole och nach eng Shoppinggallerie entstoen, mat anere Geschäfter a Restauranten, esou wéi verschiddenen Déngschtleeschtungsofferen. Dës wiere Cocottes, 5àSec, Ferber hair&style, k-kiosk, Acuitis, Mister Minit, Black & White, TFL Travel Group Luxembourg, Oberweis, CK Fitness, Frups, Medi-Market a Lucky Bar. Donieft dann nach Büroe vun Hëllef doheem esou wéi eng Crèche vu L'Enfant Roi.
Mam Bau vun dësem Shoppingzenter war am Fréijoer 2020 ugefaange ginn.