
Mat de Gesetzer, déi d’balearesch Regierung am Joer 2020 decidéiert hat, wollt ee probéieren d’Partyzeen vun der Insel wech ze halen. Dëst hätt an enger éischter Instanz och gutt fonctionéiert, woubäi dëst warscheinlech éischter dem Covid ze verdanke gewiescht wier, esou heescht et aus dem baleareschen Tourismusministère. Am Summer 2022 hätt een allerdéngs gemierkt, datt souwuel d’Touriste wéi och d’Clibb sech net streng genuch un d’Gesetzer géifen halen. Dowéinst misst een elo gezielt géint déi Clibb virgoen, déi sech strikt géife verweigeren, d’Virschrëften anzehalen.
En Donneschdegmëtteg gouf vum Iago Negueruela, dem Tourismusminister vun de Balearen, e Rapport verëffentlecht, an deem iwwert déi aktuell Situatioun op der mallorquinescher Insel opgekläert gëtt. Esou ermëttelt d’Police an 90 Fäll, wou déi aktuell Gesetzer net reegelkonform agehale goufen. Weider gouf annoncéiert, datt aacht Clibb hir Diere längerfristeg missten zoumaachen. Dëst well d’Besëtzer vun de Clibb entweder Alkohol u Mannerjäreger verkaaft oder mat Hëllef vu liicht gekleeten Dammen op hiert Lokal opmierksam gemaach hätten.
Dës Mesurë wieren e weidere Schrëtt a Richtung Image-Wiessel, deen d’Insel zënter 2020 am Gaangen ass ze vollzéien. Et wéilt ee wech vum Image “Partyinsel”, hin zu enger Insel, wou een eng entspaante Vakanz genéisse kéint.