
Dräi Persounen hunn an der Nuecht op e Freideg Äerdbier a Cremant matgoe gelooss, ouni dofir ze bezuelen. Houfreg op hiren Déifstall waren d’Déiwen allerdéngs net. Séier hat si e schlecht Gewësse geplot. An engem Bréif hu si sech fir den Abroch entschëllegt a geschriwwen, si wieren aus “Dommheet” agebrach. Dowéinst hu si déi geklaute Wuer och nees zeréckbruecht.