
Wéi et vun der Police heescht, soll den Abriecher sech am Méindegnomëtteg Zougang zur Wunneng vum 58 Joer ale Resident verschaf hunn. En Noper vun dësem hat deemno verdächteg Geräischer an der Wunneng héieren an den Awunner kontaktéiert. Dësen ass dann eng hallef Stonn méi spéit zeréckkomm an huet de jonken Täter dobäi ertappt, wéi hie plakeg an der Bidde louch. E gouf vun der Police festgeholl.
Weider heescht et, datt den Abriecher sech schonn en Handy, Kleeder an Tubak vum Affer prettgeluecht hat, fir aus der Wunneng matzehuelen. Hie soll schonn an der Vergaangenheet wéinst Déifställ opgefall sinn.