Baden-WürttembergAbriecher wëll sech Fleesch broden a gëtt dobäi ertappt

RTL Lëtzebuerg
D'Police gouf zu Stimpfach wéinst engem skurrille Fall geruff, deen e bëssen un d'Disney-Märche vum Schneewittchen erënnert.

En Onéierlechen huet sech net just Zougang zu engem friemen Haus verschaaft, ma et sech do sou richteg gemittlech gemaach. Als éischt soll hie sech eng Schlofplaz ageriicht hunn. Duerno stoung eng erfrëschend Dusch um Programm a schlussendlech huet et den Abriecher an d’Kiche gezunn. Do wollt hie sech e Stéck “Leberkäse” an der Pan broden.

Ganz onbemierkt ass dëst allerdéngs net bliwwen... Duerch d’Geräischer sinn d’Proprietäre waakreg ginn, déi um Rez-de-chaussée geschlof hunn. Séier huet sech den Abriecher duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet verstäerkt nom 35 Joer ale Mann gesicht, allerdéngs ouni Erfolleg.

Back to Top
CIM LOGO