Interview mat engem Betraffenen um Spektrum"All autistesch Persoun ass verschidden"

RTL Lëtzebuerg
Wéi lieft et sech mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung? RTL huet bei engem Betraffenen nogefrot.

Eng éischt Diagnos huet den David Lamesch scho mat 10 Joer kritt: hien ass héichbegaabt. Et huet awer ganzer 17 Joer gedauert, bis hie schlussendlech déi Diagnos Autismus-Spektrum-Stéierung kritt huet. Hien ass Asperger, wéi dat fréier genannt ginn ass: “Et war rassuréierend. Et war endlech eng Äntwert. Et war endlech eppes, wat ee verstoe kann, wat ee benenne kann. Dat heescht, et huet scho mol u mengem eegene Verständnis an u menger eegener Acceptatioun vu menger Differenz vill gehollef. Och op Säite vun der Famill, vu mengem noen Ëmkrees hunn d’Leit lo verstanen, ok et ass eng spezifesch Diagnos, iwwer déi kann ee sech informéieren. Et ass net onverständlech, well dat Onverständlecht mécht Angscht. Méi präzis huet natierlech och gehollef, dass ech mat der Diagnos de Statut vum Salarié handicapé hunn ufroe kënnen. Ech hunn deen duerno och krut, wat mir dann natierlech och d’Aarbechtssich vereinfacht huet.”

D’Fondation de l’Autisme huet him vill konnten hëllefen. Nom kompletten Diagnostik huet hie fir d’éischt benevole bei der Fondatioun geschafft an an enger zweeter Etapp huet hien do eng Aarbecht fonnt.

“Et huet ee fir verschidde Saache grouss Facilitéiten. Ech léieren zum Beispill immens séier, ech hu ganz ganz vill Einfachheete wat d’Konzentratioun ugeet, wat Analys ugeet, wat Organisatioun ugeet. Mee am Verglach war ech zum Beispill nach ëmmer ganz schwaach a soziale Fäegkeeten. Ech hunn oft mech e bëssen donieft beholl oder komesch Saache gesot oder gemaach. D’Integratioun war ëmmer ganz schwéier a sech natierlech Kolleege maachen a sou besonnesch als jonk Persoun, déi keng Anung huet, firwat se net sou tickt wéi déi aner, ännert dat vill.”

Dobäi kënnt, datt hie méi séier midd gëtt a manner Energie huet, wéi déi Persounen ouni Autismus. Fir sech rëm z’erhuelen, brauch hien dann den néidege Schlof an Zäit fir sech. Hien huet sengem Ëmfeld erkläert, wéi seng Reaktioune kéinte sinn. D’Leit a sengem Entourage z’informéieren, fënnt den David Lamesch wichteg. Genee wéi mat Verständnis, oppen an ouni Angscht op d’Leit duerzegoen, déi eng Autismus-Spektrum-Stéierung hunn.

“Dat kënne wierklech ganz, ganz schéi mënschlech Erfarunge sinn, well all autistesch Persoun ass verschidden. A ganz vill vun deene Leit kënne wierklech eppes bäidroen zu enger Bezéiung, zu enger Firma, zur Gesellschaft. Ech géif wierklech ganz staark dozou roden deene Leit géintiwwer mat Frëndlechkeet ze begéinen.”

Den David Lamesch réit och dozou, fir de Leit mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung ouni Virurteeler ze begéinen.

Den Interview mat der Psychologin Nathalie Fontana zum Thema fannt Dir hei.

Bei Froen iwwer Autismus-Spektrum-Stéierungen, kënnt Dir Iech un d’Fondation de l’Autisme adresséieren. Weider Informatioune fannt Dir op www.fal.lu.

Back to Top
CIM LOGO