Bierger hunn dofir gestëmmtAm hessesche Limburg ginn Dauwe lo per Genéckbroch dout gemaach

RTL Lëtzebuerg
Eng ëmstridde Praxis gëtt an Däitschland, respektiv zu Limburg ëmgesat. Do wëll een d'Iwwerpopulation vun den Dauwe bekämpfen.
© AFP Symbolbild

Bei der Ofstëmmung waren d’Bierger e Sonndeg dofir, dass en Deel vun der Dauwepopulatioun an der Stad soll dout gemaach ginn an zwar solle si d’Genéck gebrach kréien. Ronn 53 Prozent waren dofir, knapp 47 dogéint. D’Ofstëmmung war parallel zu der Europawal.

Diskussiounen iwwer den Ëmgang mat den Dauwe gouf et schonn zanter Méint an déi haten och iwwerregional fir Opmierksamkeet gesuergt. D’Stad war bei enger offizieller Zielung Ufank 2023 op 272 Dauwe komm, héichgerechent wier vu 700 bis 1000 Vigel auszegoen. Am November d’lescht Joer gouf dunn decidéiert, dass den Dauwe-Bestand muss reduzéiert ginn.

An den nächsten 2 Joer sollen dann elo d’Dauwe per Genéckbroch doutgemaach an hir Zuel doduerch méi kleng ginn. Duerchféiere soll dat ee Falkner. D’Déiere ginn dobäi an eng Fal gelackelt, entschlof an dono ëmbruecht. Et sollen och net all d’Dauwe stierwen.

Géint d’Decisioun hu sech Déiereschutzveräiner an Ëmweltschützer opgereegt. Et koum zu enger Petitioun mat gréissere Protester. Och op e soziale Medien ware vill Leit net averstanen. Nodeems d’Petitioun déi néideg Ënnerschrëften zesummenhat, d’Decisioun awer net réckgängeg gemaach gouf, koum et zu der Ofstëmmung duerch d’Bierger vu Limburg. D’Majoritéit huet géint d’Petitioun, also vir d’Doutmaache vun den Dauwe gestëmmt.

Net just Limburg huet en Dauwe-Problem, och aner Stied si betraff, hunn awer aner Léisungen. E puer Stied zum Beispill setzen op Kontroll bei de Gebuerten an tauschen d’Eeër géint falscher aus Gips aus. Manner Jippelcher bedeit manner Dauwen. An anere Stied gi Medikamenter getest, déi d’Dauwen onfruchtbar maachen. Dës Praxis féieren dann déi meeschte Stied aus, ma och dës Method ass ëmstridden.

Back to Top
CIM LOGO