
De Grondwaasserspigel geet hei zanter Joren zeréck, warne WWF an aner Ëmweltschutzorganisatiounen. Elo ass och déi lescht Lagun, Santa Olalla, am Park ausgedréchent. Dat mellen d’spuenesch Zeitung „El Pais” an aner lokal Medien.
Als Grond fir de Réckgang vum Waasser gi legal an illegal Buere genannt, mat deenen touristesch Anlage versuergt an Äerdbierfelder bewässert ginn. Eleng dëse Summer hunn d’Autoritéiten 71 illegal Buere versigelt, schreift “El Pais”. Allerdéngs kommen ëmmer nees neier dobäi, well d’Suen, déi déi concernéiert Baueren duerch de Verkaf vun den Äerdbieren erakréien, méi héich ass wéi d’Geldstrofen, bericht déi spuenesch Dageszeitung. E weidere Grond ass d’Dréchent, déi duerch de Klimawandel verstäerkt gëtt.
Den Nationalpark gouf 1969 gegrënnt an ass eng 1.300 Quadratkilometer grouss. Eng villfälteg Flora a Fauna ass am Fiichtgebitt laanscht de Floss Guadalquivir doheem, dorënner zum Beispill den Iberesche Luchs an de Keeseradler.