
Leschte Freideg koum et zu dësem Virfall am US-Bundesstaat Connecticut. De Wäschbier hat d’Meedchen, wat grad heemkoum, op der Hausdier attackéiert a sech u senger Box an a sengem Bee festgebass a festgekrallt. D’Meedchen huet doropshin haart gejaut a seng Mamm ass him zu Hëllef komm.
Als éischt huet d’Fra emol d’Meedchen an de Wäschbier getrennt, d’Meedchen an d’Haus gelooss an d’Noperen iwwert de “Racoon” informéiert. Fir selwer net nach vum Déier attackéiert ze ginn, huet si Schwong geholl an den Aggresseur an d’Wiss virun der Dier gehäit, éier si sech selwer an d’Haus gerett huet.
De Wäschbier, esou gesäit een um Video, huet sech no dëser Aktioun, bei där hie wuel och net esou gutt ewechkomm ass, kuerz gerëselt, éier hie säi Wee weidergemaach huet.
Wéi et an de Medien heescht, wieren d’Mamm an d’Kand dono an d’Spidol komm, fir eng Sprëtzt géint d’Tollwut ze kréien.