Ed DwightAn de 60er Joren als Astronaut refuséiert, elo mat Blue Origin am Weltall

RTL Lëtzebuerg
No 2 Joer Paus huet dem Multimilliardär Jeff Bezos seng Raumfaartentreprise Blue Origin nees eng éischte Kéier 6 Weltraumtouristen an de Weltall geschéckt.
© AFP PHOTO / BLUE ORIGIN

Mat u Bord vun der Rakéit war ënnert anerem de fréieren afroamerikaneschen Loftwaffepilot Ed Dwight, haut 90 Joer al, deen an de 1960er Jore vun der Nasa als Astronaut refuséiert gouf.

Bei der Landung ass ee vun den dräi Fallschiermer vun der Kapsel net richteg opgaangen. Dat hätt awer kee gréisseren Impakt gehat, heescht et vum Amazongrënner senger Entreprise.

Back to Top
CIM LOGO