Grouss Resonanz no Facebook-PostAppell fir gebrauchte Chrëschtbeemercher als Leckerli fir Geessen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Famill Delvaux zu Stengefort ass et no de Feierdeeg net nëmmen d’Zäit fir d’Chrëschtbeem ofzerëschten, ma och fir d’Geessen ze verwinnen.
Appell fir gebrauchte Chrëschtbeemercher als Leckerli fir Geessen
Bei der Famill Delvaux zu Stengefort ass et no de Feierdeeg net nëmmen d’Zäit fir d’Chrëschtbeem ofzerëschten, ma och fir d’Geessen ze verwinnen.

Nieft hirem Bauerenhaff hu si hannert dem Haus e puer Hénger, Gänsen a sechs Geessen, déi sech dëst Joer besonnesch op gebrauchte Chrëschtbeem freeën.

D’Beemercher ersetzen net de Geessen hir normal Ernierung, mä déngen als eng Zort Leckerli no de Feierdeeg. Gesond si se dobäi och fir d’Déieren, erkläert den Dave Delvaux

„Si hunn ätheresch Ueleger an den Nolen dran, wéi awer och vill Vitaminnen an Antioxidanten, wat och gutt ass, fir si wéi och fir d’Rengegung vun den Zänn, dat gëtt et jo an der Natur net sou heefeg“

Wichteg ass dobäi, datt d’Dännen net ze al sinn, well soss net méi vill Närstoffer an den Nolen enthale sinn. Ganz wichteg: D’Beemercher musse kontrolléiert ginn, ob se net mat Planzeschutzmëttel gesprëtzt goufen, fir d’Gesondheet vun den Déieren net ze a Gefor ze bréngen.

Net nëmmen d’Geessen, mä och d’Hénger profitéiere vun de Beemercher. Ugefaangen huet alles mat engem Post op Facebook, wou d’Famill Delvaux d’Leit opgeruff huet, hinne gebrauchte Chrëschtbeem ze bréngen. D’Resonanz war enorm: Net nëmme gebrauchte Beemercher goufen ofginn, mä och déi, déi net konnte verkaf ginn.

Am Ganze sinn et bal 70 Beemercher ginn – vill méi, wéi d’Famill eigentlech gebraucht hätt.

Back to Top
CIM LOGO