NasaArtemis-Missioun a Richtung Mound gouf verréckelt

RTL Lëtzebuerg
De Start vum Kennedy Space Center um Cape Canaveral a Florida aus, dee vun enger sëllege Fans voller Virfreed erwaart gouf, huet missen ofgesot ginn.
Artemis-Missioun a Richtung Mound gouf verréckelt
De Start vum Kennedy Space Center um Cape Canaveral a Florida aus, dee vun enger sëllege Fans voller Virfreed erwaart gouf, huet missen ofgesot ginn.

Well et Problemer mat der Ventilatioun vum Motor 3 gëtt, gouf de Countdown fir d’éischt bei 40 bis de Start gestoppt, éier de Start vun der Missioun schlussendlech ganz ofgesot gouf. D’Ekippe sinn amgaange weider Donnéeën ze sammelen. Wéini d’Rakéit a Richtung Mound starte wäert, ass bis ewell net gewosst. Wéi d’AFP mellt, kéimen als méiglech Startdatumer nëmmen nächste Freideg oder déi nächst Woch e Méindeg a Fro.

Eng éischte Kéier zanter bal 50 Joer schéckt d’Nasa nees eng Rakéit a Richtung Mound. D’Rakéit wäert net um Mound landen oder soss enzwousch am Weltall undocken, ma wärend zwou Wochen e puer Mol ronderëm de Mound fléien, éier et nees zeréck a Richtung Äerd geet. D’Missioun soll 42 Deeg daueren.

D’Artemis-1-Missioun sollt e Méindeg um Cape Canaveral a Florida lancéiert ginn, allerdéngs ouni Mënschen u Bord. D’Zil ass et, déi sougenannten Orion-Kapsel ze testen, déi spéider och nees Astronauten op de Mound soll bréngen. Dëst ass fir d’Joer 2025 geplangt.

D’NASA wëll doduerch hir Konkurrenzfäegkeet ënner Beweis stellen, well och China un enger Moundmissioun bastelt, grad wéi och privat Raumfaart-Betriber, déi ëmmer méi performant ginn.

Back to Top
CIM LOGO