
D’Auktioun ass allerdéngs nach net eriwwer. Nach bis de 5. Oktober kënnen d’Fans vum Agent, dee schonn eng Rëtsch Aventuren erlieft huet, op weider 35 Stécker aus de sëllege Filmer bidden. Dorënner och weider Autoen, souwéi Accessoiren a Kostümer aus den James-Bond-Filmer. Den Erléis vun der Stee gëtt fir de gudden Zweck gespent.
Den Aston Martin, dee kierzlech de Besëtzer gewiesselt huet, ass e ganz Speziellen. Dësen Auto gouf an där Form nämlech nëmmen aacht Mol gebaut an et ass deen éischten Auto vun där Zort, deen an de fräie Verkaf komm ass. De Sportswon, deen zu engem sougenannte Stunt-Auto ëmgebaut gouf, gouf mat de Mitrailletten-Attrappe verkaaft.