All Sekonn gëtt eng Äerd verschlongenAstronomen entdecke risegt Schwaarzt Lach am Universum

RTL Lëtzebuerg
En internationaalt Team vun Astronomen ass op e Schwaarzt Lach gestouss, dat eng Mass vun dräi Milliarde Sonne soll hunn.
Symbolbild: Bild vum Schwaarze Lach Sagittarius A
Symbolbild: Bild vum Schwaarze Lach Sagittarius A
© European Southern Observatory/AFP/Handout

Aner Lächer, déi ongeféier genausou grouss sinn, hätte scho viru Milliarde vu Joer opgehalen, esou séier ze wuessen, sou d’Astronome vun der Australian National University. Dëst Schwaarzt Lach ass net nëmme sou grouss wéi dräi Milliarde Sonnen, ma verschléngt och nach all Sekonn en Equivalent vun enger Äerd a liicht 7.000 Mol méi hell wéi dat komplett Liicht an eiser Galaxie, sou nach d’Team vun der ANU.

Den Astronomen no kéint jiddereen, deen e gutt Teleskop op enger däischterer Plaz opstellt, dat Schwaarzt Lach gesinn. Et wier 500 Mol méi grouss wéi dat Schwaarzt Lach an eiser Galaxie.

De Leeder vun den ANU-Fuerscher huet dës Entdeckung als “ganz grouss, onerwaart Nol an engem Koup vun Hee” bezeechent, déi jorelaang onbemierkt bliwwen ass. Méiglecherweis wieren zwou grouss Galaxien anenee gestouss an hätten esou eng grouss Quantitéit Material an d’Lach geschleidert, fir et ze fidderen, sou de Christopher Onken.

Back to Top
CIM LOGO