
D’nächst Woch soll dofir en zweeanenhallef Meter héijen an 20 Meter breede Siichtschutz um Aussiichtspunkt opgestallt ginn, wéi e Vertrieder vun der Stad Fujikawaguchiko der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert. “Et ass bedauerlech, datt mir dat maache mussen, well e puer Touriste sech net un d’Reegelen hale kënnen.”
D’Touriste géingen dauernd Dreck op der Plaz hannerloossen a sech net un d’Verkéiersreegelen halen. D’Trennmauer soll deemno esou laang stoe bleiwen, bis sech d’Situatioun allgemeng verbessert, betount de Vertrieder.
An der Küstestad Fujikawaguchiko ginn et vill Aussiichtspunkten op de Fuji. Deen, dee lo mam Siichtschutz ofgedeckt gëtt, ass immens beléift bei den Touristen, well ee gesäit, wéi de Vulkan hannert engem fir Japan typesche Supermarché erauskuckt. Dowéinst gëllt dat Motiv als besonnesch typesch japanesch. Virun allem auslännesch Touristen hätten dowéinst de schmuelen Trottoir blockéiert.
Och enger Zännklinik an der Géigend soll mam Siichtschutz gehollef ginn. D’Touristen hätten op der Juegd no der perfekter Foto nämlech net just um Parking vum Spidol geparkt, mä verschiddener wiere souguer op den Daach vum Gebai geklotert.