Prioritéite setzenAuto steet a Flamen, Besëtzer rett awer fir d'éischt emol de Béier aus der Mall

RTL Lëtzebuerg
Wéi säi geparkte Won zu Berlin gebrannt huet, huet e Mann vu Berlin nach séier seng zwee Cageote Béier aus der Mall geholl.
© AFP

Wann e Feier ausbrécht, ass et wichteg, séier ze agéieren a keng Risiken anzegoen. Virun allem soll ee fir d’éischt säin eegent Liewe retten an eventuell nach déi wichtegst Géigestänn oder Dokumenter.

E Mann zu Berlin huet sech, wéi säin Auto gebrannt huet, awer net aus der Rou brénge gelooss an huet kloer Prioritéite gesat. Hien huet zwee Cageote Béier aus dem Auto gerett an an d’Haus bruecht. Den Auto ass wuel ausgebrannt, ma de Béier war gerett an et koum och kee Mënsch zu Schued.

D’Police geet an dësem Fall iwwerdeems vu Brandstëftung aus. Eng entspriechend Enquête gouf lancéiert. Och dräi aner Ween goufen duerch d’Flame beschiedegt.

Back to Top
CIM LOGO