
Zu Los Angeles wieren d’Leit sech géint d’Dréiaarbechte vum nächste Film an der “Fast and Furious"-Rei, an där et ënnert anerem ëm séier Autoen an illegal Stroosserenne geet. Genau iwwer dës reegen sech d’Awunner vum Staddeel Angelino Heights op: wat als Fiktioun ugefaangen huet, huet mëttlerweil nämlech wéi et schéngt säi Wee an d’Realitéit fonnt.
Déi bekannt Filmer hunn dozou gefouert, datt verschidde Leit d’Zeenen do nostelle wëllen, wou se gedréint goufen. Awunner reegen sech op, d’Filmer hätten de Staddeel zu engem Zil fir illegal Stroossecoursse gemaach, a fuerderen d’Stad dozou op, méi staark dogéint virzegoen.
Bal all Weekend kéimen nuets antëscht eng Handvoll Autoen An de Staddeel Angelino Heights. Virun de Filmer hätt et am Quartier keng esou Stroosserenne ginn, esou een Awunner.
Der Police no ass d’Zuel vun de Verkéiersdoudege bannent engem Joer ëm 30 Prozent geklommen an et goufen 21 Prozent méi schwéier blesséiert Leit.