
Aus der Siicht vun engem Freerider ergëtt déi speziell Daachkonstruktioun vun der Elbphilharmonie net just en apaarten Design, mä an engems och nach e formidable Bike-Park.
Déi geschwonge Linne vum héchste Bauwierk zu Hamburg si wéi gemaach fir eng kleng Pist unzeleeën. Den Éisträicher Fabio Wibmer huet sech net 2x biede gelooss a fir eng Promoaktioun seng Konschtstécker virgefouert.
Domat war et awer nach net gedoen. Bannen am bekannte Concertssall huet de Wibmer, dee méi wéi 8 Millioune Follower huet op YouTube, nach weider Tricken zum beschte ginn.
Kuckt hei de Video vun der spektakulärer Aktioun: