Schutz vu Kiwi-VullBal keng Kandidature fir Dramjob an neiséilänneschem Nationalpark

RTL Lëtzebuerg
Als Retter am Asaz a mam Helikopter op d'Aarbecht fléien - kléngt zwar attraktiv, ma den Interessi un der Dram-Plaz an Neiséiland hält sech a Grenzen.
© AFP/Archiv/TORSTEN BLACKWOOD

Am klengen Duerf Haast matten an de Bierger an um Bord vum Mount-Aspiring-Nationalpark an Neiséiland ass aktuell eng Plaz als Naturschützer ausgeschriwwen. Ma fir d’Aufgab, de Kiwi-Vull, deen net fléie kann, ze beschützen, hu sech bis ewell nëmmen dräi Interessente gemellt, wéi d’Naturschutzagence aus der klenger Uertschaft matdeelt.

D’Géigend wier “immens schéin”, ma leider och “relativ ofgeleeën”, huet de Spriecher vun der Naturschutzagence betount. Den nächste Supermarché ass zwou Autosstonnen ewech a bis bei dat nächst Spidol sinn et souguer véier Stonnen. Dowéinst wier d’Géigend eben “eng Dramwelt fir Outdoor-Enthusiasten”.

D’Aarbecht zu Haast besteet doraus, eng Ekipp ze leeden, déi d’Aartevillfalt am Nationalpark schütze soll. Dozou gehéieren ënnert anerem Patrullen duerch déi wonnerschéin Natur, fir d’Wuelbefanne vu Kiwien, Pinguinen an Eidechse sécherzestellen.

“Den Haaptfokus bei dëser Plaz läit op der Rettung vun der raarster Kiwi-Aart vun Neiséiland, dem Haast-Kiwi”, sot de Spriecher vum Naturschutz. Vun de scheie Vulle géing et nëmme 500 Exemplaire ginn, déi an der Natur net liicht ze fanne sinn. Aus deem Grond muss bei der Aarbecht ëmmer rëm op e Motorboot oder en Helikopter zréckgegraff ginn.

D’Naturschutzagence vun Haast huet hir Hoffnung op villverspriechend Kandidaturen awer nach net opginn an huet den Delai fir sech ze mellen ëm dräi Woche verlängert. “Um Schluss vum Dag sicht ee jo no deem enge besonnesche Mënsch.”

Back to Top
CIM LOGO