
Dobäi hunn d’Beamten d’Plantagen nëmmen zoufälleg fonnt. Bei hiren Ermëttlunge wéinst engem blesséierte Mann ass hinnen dës Plantage an engem Eefamilljenhaus opgefall. Nach wier allerdéngs net gewosst, wiem dës Wunneng géif gehéieren.
Am Ganzen hätten d’Beamte 40 Kilogramm Marihuana fonnt, wat enger Valeur vun op mannst 200.000 Euro entsprieche géif.