
Den Diamant, deen op engem Rank festgemaach ass, weit am Ganzen 18,18 Karat, wat an Asien als Gléckszuel ugesi gëtt. Dowéinst geet ee bei Christis’s dovunner aus, datt de Rank mam Diamant, virun allem an Asien fir eng sëllegen Interesséierte suerge wäert.
Weider ass et déi éischte Kéier, datt bei Christie’s e rosaen Diamant vun där Qualitéit an an där Form versteet gëtt. Experten no handelt et sech heibäi em en extrem raren an eenzegaartegen Diamant.
An der Vergaangenheet hu bei Christie’s schonn eng Rëtsch Diamanten de Besëtzer fir deiert Geld gewiesselt. Esou gouf am Joer 2018 den Diamant “Winston Pink Legacy” fir méi wéi 50 Milliounen US-Dollar versteet.