
Dëse legale Schratt wier “essentiell fir [...] d’Mark an déi sozial Integritéit, déi Ben & Jerry’s sech joerzéngtelaang opgebaut huet, ze schützen”, heescht et vun der Firma.
D’Decisioun vun Unilever wier ouni d’Wësse vum eegestännege Verwaltungsrot vu Ben & Jerry’s geholl ginn an dat geet géint de Vertrag tëscht béide Firmen. Am Vertrag ass festgehalen, datt den eegene Verwaltungsrot vun der Glacëfirma an esou Froe misst consultéiert ginn, fir esou d’Reputatioun an d’Iddie vun de Grënner vu Ben & Jerry’s ze schützen.
Am Juli d’lescht Joer hat Ben & Jerry’s annoncéiert, datt ee seng Glacen net méi an de palestinenseschen Territoiren, déi vun Israel occupéiert goufen, géif verkafen. Dëst géif nämlech géint d’Grondiddie vun der Firma goen. D’Glacë sollten awer weider an Israel verkaf ginn.
Zinger dogéint, déi zu deem Zäitpunkt scho Produite vu Ben & Jerry’s hiergestallt hunn, hunn trotzdeem weider Glacen an den israelesche Siidlungen, de sougenannten “West Bank Siidlungen”, verkaf a si sou géint d’Decisioun vu Ben & Jerry’s gaangen. Honnertdausende vu Judde liewen an de vun Israel occupéierte Regiounen, déi awer u sech zu Palestina gehéieren.
D’Palestinenser haten dëse Schratt vun der Glacëfirma begréisst an als kleng Victoire ugesinn, well si et och als Sanktioun géint Israel gedeit hunn.
Ben & Jerry’s, déi 1978 an den USA gegrënnt gouf, ass dofir bekannt, datt si sech fir villes asetzen, dorënner de Schutz vun der Ëmwelt an d’Promotioun vun de Mënscherechter. Si hunn och ëmmer nees speziell Goûte produzéiert, mat deene si en Zeeche setzen oder protestéiere wollten.
Unilever dogéint hat déi lescht Woch matgedeelt, datt si ni de Schratt, fir d’Glace an de vun Israel besate Palestinenser Regiounen net ze verkafen, ënnerstëtzt hunn a si e Recht hätten, hir Parten ze verkafen. “Wéi mer an eisem Statement vum 29. Juni matgedeelt hunn, hat Unilever d’Recht, dësen Arrangement anzegoen. Den Deal ass och schonn ofgeschloss.”