GriichelandBëschbrand op Lesbos aus Weltall ze gesinn

RTL Lëtzebuerg
D'Bränn op der griichescher Insel sinn esou staark, datt den Damp op Satellittebiller vum europäeschen Äerdiwwerwaachungsystem Copernicus ze gesinn ass.

D’Fotoe sinn zwar vun e Samschdeg, ma och e Sonndeg breede sech d’Flame weider aus. Am Duerf Vrisa goufen d’Awunner evakuéiert, well schonn eng Partie Haiser an Autoen de Flamen zum Affer gefall sinn. Och an der bei Touriste beléift Uertschaft Vatera hunn d’Mënsche schonn e Samschdeg missen hir Haiser verloossen.

Um griichesche Festland kämpfe Pompjeeën, Zaldoten a Bëschaarbechter weiderhi géint e massive Brand am Dadia-Nationalpark. Ënnert anerem gëtt mat Schleisen, déi an d’Piniëbëscher geschloe ginn, probéiert, ze verhënneren, datt d’Feier sech weider ausbreet.

Dëst sinn nëmmen déi zwee gréisst Bränn. Bannent 24 Stonne goufen a Griicheland méi wéi 141 Bränn gemellt.

Back to Top
CIM LOGO