Start-up vun zwee jonken EntrepreneurenBezuelbare Wunnraum via eng Plattform fir intergenerationell WGen

RTL Lëtzebuerg
D'Clementine Offner an den Ivo Silva, béid 22 Joer jonk, hunn d'lescht Joer e Start-up gegrënnt.
Bezuelbare Wunnraum via eng Plattform fir intergenerationell WGen
D’Clementine Offner an den Ivo Silva, béid 22 Joer jonk, hu lescht Joer e Start-up gegrënnt.

Dat zesumme mam Christian Gutenkauf, sou datt scho bei der Grënnung en intergenerationelle Gedanken do war. Hir Iddi: eng Plattform, wou eeler a jonk Leit zesummebruecht ginn, dat iwwert eng generatiounsiwwergräifend Colocatioun.

Zäitgläich ze studéieren an eng Firma ze leeden, ass wuel vill Aarbecht. Nawell hunn d’Clementine an den Ivo Succès mat hirer Iddi. Iwwer 500 Leit si schonn op WeConnect.lu ugemellt an 20 Colocatioune sinn doraus entstanen.

Mam Konzept vun hirer Firma schafe si e Lien tëscht de Generatiounen. Studente kréie bezuelbare Wunnraum an de Seniore gëtt gehollef, andeems se net méi eleng sinn. Am Reportage léiere mer esou e Binom kennen, d’Agnes an d’Marianna, déi zënter Januar zesumme wunnen.

Back to Top
CIM LOGO